hello

I love good stories.

Fir mech ass d’Welt voller Geschichten. Iwwerall, wou ech hikucken, sprange se mer entgéint, an ech hunn esou vill Iddien, datt ech se heiansdo bal net Meeschter ginn. Ech sinn e kreative Wirbelwand.

Am Laf vu menger Karriär hunn ech mech mat menger Kreativitéit am journalisteschen, institutionellen an och am literaresche Beräich engagéiert.

Nodeem ech e puer Joer als fräi Mataarbechterin virun allem am kulturelle Beräich geschafft hunn, hunn ech mech als Travel-Redakteurin am Reesjournalismus forméiert. 2012 hunn ech dunn de Posten als Responsabel vun der Kommunikatioun am Centre Hospitalier Emile Mayrisch iwwerholl, wou ech de Service developpéiert a geréiert hunn (intern an extern Gesamtstrategie). 2019 sinn ech an de Centre Hospitalier du Nord gewiesselt. Hei hunn ech de Service Communication geleet an hu mäin Network gestäerkt. Am Secteur hospitalier louch mir virun allem Preventioun a Sensibiliséierung um Häerz, dat besonnesch mam Bléck op e jonke Public. An Zesummenaarbecht mat vill verschiddenen Acteuren hunn ech esou eng Partie national Campagnen ëmgesat.

Dat literarescht Schreiwen hunn ech wärend menger professioneller Karriär net opginn. No fënnef Bicher, déi ech an der Erwuesseneliteratur publizéiert hunn, hunn ech mech zënter 2022 virun allem op Kanner- a Jugendliteratur spezialiséiert. Haut schreiwen ech Geschichte fir d’Kannerkëscht vum Radio 100,7, entwéckele kreativ pedagogesch Konzepter, schreiwen Theaterstécker a kombinéiere Sensibiliséierung zu diversen Themen mat kulturellem Engagement. Fir mech si Kultur a Kreativitéit e Vecteur fir Sensibiliséierung.

Ob ech eng Ried, en Interview, en Theaterstéck schreiwen, oder eng Kommunikatiounscampagne oder e PR-Konzept entwéckelen, ech versichen dobäi ëmmer, mech op dat Essenziellt ze konzentréieren, en empatheschen Toun ze halen, an de Mënsch net aus den Aen ze verléieren. Ganz gäre ginn ech och emol nei, ongewinnte Weeër. Als sozial engagéierte Mënsch, deen sech nieft senger professioneller Aktivitéit benevole engagéiert, schaffen ech a menge Projete gäre multidisziplinär, transparent a virun allem am Team, fir datt um Enn e Produit mat Häerz steet, deen den Erwaardunge vum Client entsprécht. Meng Stäerkt ass et, Leit ze begeeschteren, Mënschen zesummenzebréngen ̶ a mat Geschichten ënnert all hire Facetten ze beweegen.