storyhub@school

Dir kënnt bei mir Liesunge fir Kanner a Jugendlecher an interaktiv Workshops buchen.

Schnipsel it up

Fir all Alter

Schreiwen ass blöd? Net mat dëser Method. An Teamaarbecht entwerfen d’Schüler kuerz Texter, an déi si spilleresch Wuertschnipselen abaue mussen, deels e bëssen extravagant a witzeg. Laachen ass garantéiert an de Schreifblues ass séier vergiess.

Express yourself- Dréck dech aus!

Fir all Alter

Buschtawen, Wierder a Graffitie loossen sech gutt matenee kombinéieren.

Am Graffiti-Writing Workshop, organiséiert an encadréiert vum Kënschtler Raphaël Gindt an der Schrëftstellerin Anja Di Bartolomeo, ass alles erlaabt, an d’Lassloosse vu konventionelle Schemaen erwënscht. Déi Jonk ginn encouragéiert, sech ze trauen, nei kreativ Weeër ze sichen, ouni jugéiert ze ginn. A … wee weess, dobäi vläicht eng nei Passioun z'entdecken.